Jojo, aswfan, du hues recht. Et war knapp, mee mer senn an der 1. Divisioun bliwwen an dat zielt. Mer hun eng jong Equipe (haaptsächlich Spiller vun eis) an wellen an den nächsten Joer och nach 1. Divisioun spillen. Ech muss awer soen dat ech vun Wentger bessen enttäuscht senn. Ech hat gehoft dat der och an der 1. Divisioun géift bleiwen (et ass emmer flot esou een Derby) mee der hut et leider nick gepackt. Stellt iech mol eng Kéier d'Fro FIRWAT??? Mat dem Spillerpotential!! Déi gréisste Gemeng am Land!! Eng gut Jugendarbicht!! An trotzdem packt der et nick fir an der 1. Divisioun mat firbéi ze spillen....
aswfan
07-06-2007 12:21:08
allez jungen nächst joër geet et vierun, da muss der kucken rem mat kampf an trainingspräsenz de wee zreck an 1. divisioun ze packen. an daat dommt geschwätzt vun spiller aus der 3. Wëltzer equipe (och nach harel genannt) soll iech nik wéidun, well wann een bedenkt wie knapp daat alles war soll keen de baack ze deck oprappen!!!
2
04-06-2007 10:25:47
Hei nach e klengt Undenken un dat blond A...vun Wentger fir eis Equipe "deemols" als Schachequipe duerzestellen. An elo huet hien grad dei beschten Zeit fir ze üben well an der 2. Divisioun wärt wuel kaum dreimol Training pro Woch ugesoot sin.
Dee Richtigen weess schon vun wiem hei rieds geet!
een 85er
04-06-2007 09:29:53
lächerlech fir hei telefonsnummeren ze froen. wann der selwer net kapabel sidd fir leit ze kontakteieren dann loost et stoen.
op 1. oder 2. Division, ASW rulez
he?
03-06-2007 18:42:20
wi lo? op rtl.lu steet eps aaneres...
Nach emmer 1 Divisio
03-06-2007 18:34:30
Mir hun et gepackt. Ween huet loscht ob 1 Divisioun? Num an tel an dir git contacteiert.
een 85er
29-05-2007 15:57:53
Wees jo net, mee ech geif soen näichst Joer muss et einfach firun goen, egal wou et ass. Den Oofstieg ass jo secher net daat best waat konnt gescheien ganz kloer net, mee geif einfach soen dass et lo on der Zeit ass ( dei ugaschaaten Jugendaarbescht ), dass di Jonk duerdempen an eis Aalen ( Pardon ) mol Konkurenz maan, an wann eng Gesond Meschung vun Konkurenz an Teamgeest an Kolegialiteit do ass, dann kennt Leestung vum selwen. An deem Senn, bis näichst Joer an dann haalen mer den Bock bei firt eist Scheff rem aus dem Mier an den Ozean ze kreien :)
Neutralen
29-05-2007 10:59:14
mee wouhier kennt dann dei hoffnung dass deen match geint miersch awer nach sollt 3-0 fier wingter gewaert gin, dei sach schleeft dach schons sou lang? saison ass glaich eriwer, dat geif jo dann nach eventuell bis no der saison dann daueren bis dei 3 ofsteiger feststin, dann haed jo guer keen verain gewessheet naechst saison 1 oder 2 divisioun ze spillen
supporter
28-05-2007 20:23:21
Do muss ech earem trainer wirklech recht ginn dir sidd en gudd firbild fir anner équipen zemols wéinst earer jugend arbescht (giff mir wenschen dat et bei eisem verein genau sou wier) an ech wenschen ierch och vill gléck fir näckst saison dat dir hoffentlich direkt rem opsteigt p)
Reichling Joel, Trai
27-05-2007 14:57:42
Ech hat mer viirgeholl naischt an d'Guestbook ze schreiwen an och keng nach esou domm Aussoen iwwer den Wentger Verein ze kommenteiren.
Mee wann ech awer esou Aussoen leesen ewei vun engen gewessen "x", deen emol nit genouch Anstand hot fir sein Numm dohennen ze schreiwen, dann mengen ech muss ech och en Keier d'Wourt ergreifen.
Ech kann just zu dir "x", soen dat eis Equipe nit wärt zerfällen, well mir als Verein et ferdig brengen, am Geigensatz zu anneren Vereiner, och an schlechten Zaiten rouhig ze bleiwen. Den ASW hot en gudd Jugend hannen drunn, an mat deenen, an der Equipe dei och next Joer baal dei selwicht ass ewei dest Joer weerten mir och an der neier Saison (ob elo 1 oder 2 Divisioun) eng gutt Equipe op d'Been brengen.
Ech well awer just zum Schluss, dir "x" an dengen Verein (obwohl ech bezweifelen dass du jemols an engen Verein wars) alles guddes wenschen, an hoffen dass wann dein "Verein" eng Keier Problemer hot, och eeren Trainer dei selwischt Ennerstetzung vunn allen Saiten krett ewei ech. An wanns de eng Keier wells gesinn wei een "gesonden" Verein ausgeseit dann komm beis es laanscht kucken.
Trainer ASW 1