Esou wéi ech dat hei gesinn ass den alen Trainer néischt wert gewiest???? Op jidderfall ass et den richtigen Wee fir besser Zäiten. Mee opgepasst géint Wolz 1-1 ze spillen ass fir deen Moment keng Referenz. Wann déi nämlich nick oppassen dann kréien déi mol nick géint Wentger dat Joer duerno ze spillen...
A
asw-fan 3
21-08-2008 22:02:30
@ ASW-Fan 2
Lo mool ganz relax bleiwen! Firun genau engem Joor hott et ganz mies ausgesinn, well d´Fiirbereedung nik ganz gut verlaaf woor. Trotzdeem haat d´Eischt Equipe eng super Saison gespillt, an ass locker Opgestiigen. Souvill zu den Viirbereedungsmatcher!
Komm mer lossen deen neien Trainer an ROUH!! seng Arbicht maan, an setzen heen an seng Equipe nik onneidich enner Drock, an kucken am Enn von der Saison waat dobei rauskennt. Well dest Joor soll d´Ziel senn an der eischter Divisioun ze bleiwen, an alles Anichteres as Dreemerei!
An deem Senn op eng gut Saison, an daat Fiir deen GANZEN ASW!
A
Asw-fan II
21-08-2008 12:57:26
An deem Senn gett et just eppes: Den nächsten Opstieg! p)
A
asw-fan
21-08-2008 11:54:28
hun de match géint woltz gesin an och vum match géint colmar-bierg héieren. do kinnt eppes ganz groußes zesummenwoossen zu wëntger. aal asw-spiller déi zu hieren stärkten zréckfannen an daat duerch disziplin an engagement, sou wéi géint woltz, wann ech do den heintz, flick, scholtes krettels an de wibbligen winkin gesin dozou di 2 jonk asw-leid op der lenkser säit dann kann ech dem veräin félicitéieren fir eng gut aarbicht. dobäi kommen dann den staarken trainer an di aner weider gut transfairen di gemeet gi sen. anscheinend fehlen elo jo nach lekt, (sou wéi eisen yves an de carlos) di an de vakanzen sen, ma dann huet de libambu jo qual der wahl. wann déi jungen sech weider sou gut verstin an zesummenhaalen as villes dran des saison. mee elo gëlt et di gut virbereedung och am championnat an punkten emzesetzen. daat as erem eng ganz aner situatioun. wënschen der sympathischer equipe vill gleck an nik zevill verletzter fir di nei saison. p)
A
Andy
20-08-2008 21:42:59
Spiller vum ASW hun een Bus bestallt fir een samsden den 23, ob Fouer!!!
Départ ass em 7.30 beim Fussballsterrain.
Wen mat well goen soll sech bei mir: Andy Z. melden. Merci
I
info
20-08-2008 08:53:43
Avis aux amateurs:
Et gett engt 1Divisioun-1Bez-Tippspill bei den Hareler um Site!
http://www.greenboys.net/index.php?option=com_content&task=view&id=86&Itemid=145
F
fern
18-08-2008 12:48:02
asw - harel um tournoi zu wentger: hei sen fotoen vum match