de mettwoch muss all mensch 110 % motivéiert sen!!! dier kent 3. an der tabell gin an uewen matspillen. et get gemunkelt zu vianden giffen vestiairsdieren elo nach wibbelen vun der halbzeitansprache vun ärem trainer. schengt jo seng wierkung gehaat ze hun. respekt un iech fier déi 2. halbzeit. WEIDER sou wéi di letzt 45 min.
dann se dier fir den derby gut gerüst géint eis greng nervenseeën vun harel.
fern
01-03-2009 11:19:49
probéier se mol nach eemol ze mailen, hu keng kriet. soubal se ukommen setzen ech se op de site.
frÄnz13
27-02-2009 13:37:57
Richtig ech hun dei fotoen well all Samsdes an der Nuecht bei den Fernand gemailt...me wei et schengt sin dei net ukomm:S
mol nofroen
:?
asw dames
27-02-2009 11:15:35
Sondig um 1 auer:
Elwen-ASW DAMES
Mir wiren frou vir al ennerstezung dei ma kinnten kreien. merci:) an bis dann
FAN
24-02-2009 18:01:50
den normalen terrain wert hoffentlech net futti gemeet gin fir een frendschaftsmatch..et sin nach genuch matcher an den jeeweiligen championnater!
bonne chance fir den nowend p)p)
@ Nr13 Fränz
24-02-2009 13:17:29
Francine, du misst dach fotoen hun vum fussball-bal vum helzen fir op den site? p)
schlupp
24-02-2009 12:24:37
Den Owend Wënter-Wolz, um synthetischen oder normalen Terrain?
Asw
24-02-2009 12:14:55
T9fir all eis Cadets haut Densden vun 16.00-18.00 zu Wentger.
Match H-W-W en Donneschden em 15.00 Auer geint Bascharage.
p)p)p)p)
cadet spieler
22-02-2009 13:06:56
:#:#:#:#:#oh en freiden 5 steck am traning dovoner 2 scolaire .An wou war de rest?????????????????????????????
Juniors
21-02-2009 22:39:07
Entente vs. Un Kärjeng 97
Um Mettwoch den 18ten Februar hun sech zu Woltz d'Entente Woltz/Harel/Wentger an UN Kärjeng 97 an der Coupe du Prince géigeniwwergestaan. Obgrond vun der deitlech besserer Platzéirung vun Kärjeng an der Tabell sen sie als Favorit an desen Match gaang.
Den Match war gezeechent vun héigen Bäll an villen Zweekämpf well den Terrain schéwier ze spillen war an d'Spillweis vun den zwou équipen sech neutraliséiert hun. An der Halschent war d'Entente mat 1-0 géint den Favorit aus dem Süden viir an konnt soumat mat engem klengen Polster an d'Paus goen.
No der Paus huet sech dun ewer gewisen wéieng équipe méi konzentréiert aus der Paus komm war. Kärjeng konnt zum 1-1 ausgleichen an huet 5 Minuten dono och schon direkt den 1-2 erzielt. Mee d'Spiller vun der Entente hun net laang op sech waarden geloss an kuerz drop op 2-2 ausgeglach. Desen Rythmus sollt beibehaalen gin an Kärjeng huet am laaf vun der 2ter Halschent op 2-3 erhéicht. Ob een Neits huet sech d'Entente den Ausgleich vum 3-3 erkämpft.
Logesch Konsequenz war d'Elefmeter-Schéissen wou sech d'Entente schlussendlech mat engem Endresultat no Elefmeter-Schéissen mat 7-5 duerchgesaat huet an déi nächst Ronn vun der Coupe du Prince erreecht huet. Den Géigner wärd den Gewenner vum Match zweschen Victoria Rosport an Racing Letzebuerg sin.
Bleiwt nach ze soen dass d'Entente Verstärkung vun Spiller vun der 1ter équipe vun Woltz(Romeo,Haris,Adis) an Wentger(Pol,Stéphane) haat déi een groussen an entscheedenen Deel zu der victoire beigedroen hun.(Gooler am Match duerch den Romeo deen 2x verwandelen konnt an 1x duerch een Selbstgool vun den Kärjenger deen duerch eng Flank vum Haris ausgaang war.
Am Elefmeter-schéissen huet den Haris, den Aldin, den méi jonken Aldin an den Adis getraff. Et gouf keen Elefmeter op der Seit vun der Entente verschoss, wougéint Kärjeng 1x lanscht den Gool geschoss huet an 1x um Goolkipp Stéphane henken bliwwen as.
Een groussen Merci un d'équipe, gutt gekämpft, mat deem Kampfgeescht as nach méi an der Coupe dran. Weider sou!!!
(merci un eis Harler Koleegn dei deesen ausfirlechen :O Bericht gschriw hun)